(D’Ried ass och als PDF verfügbar)
Léif Kolleginnen a Kollegen aus dem Gemengerot, léif Léit vun der Press,
…. an ech géif jo och gäre soen, léif Biergerinnen a Bierger vun eiser Gemeng déi mat Spannung an Interessi des Budgetsdebatt iwwert Livestream verfollegen, ma dat kann ech mer spueren, well, jo well dësen LSAP-déi Gréng Schäfferot, deen zwar smart a sexy wëll sinn, trotz der Astellung vun engem „responsable pour les relations publiques“ et net fäerdeg bruet huet de Biergerinnen an Bierger den accès en direct zu den ëffentleche Gemengerotssitzungen ze erméiglechen.
D‘Budgetsdebatte vun dësem Joer sinn als eng Zort Ofschloss net vun engem Budgetsjoer ze betruechten ma vun enger ganzer Mandatsperiod an dofir ass et och ubruecht dëse Moment och e Bilan e zéien vun der Aarbecht vun dësem Schäfferot am Besonneschen an och vum Gemengerot. Awer alles schéin der Rei no.
Och vun eiser Säit e grousse Merci un d’Mataarbechter aus de Servicer vun der Gemeng déi de Budget opgestallt hunn.
D’Reform vun de Gemengefinanzen ass läscht Woch an der Chamber ugeholl ginn.
Des Reform bréngt – op den éischte Bléck – eng Verbesserung fir déi meescht Gemengen. D’Dotation de l’Etat ass och fir eis Gemenge em 4 Mio méi héich ausgefall.
Wann een awer des Reform mat der Steierreform vergläicht, déi dës Woch an der Chamber gestëmmt ginn ass, an si hu jo alle béid en Afloss op d’Gemengebudgeten, muss een awer feststellen, dass et ënnert dem Stréch zu enger Verschlechterung vun de Gemengefinanzen insgesamt komm ass.
Firwat? Ma well d’Dotatioun vum Staat weiderhin un d’Einnamen aus der Akommessteier vun de Privatpersoune gebonne bleift. An déi wäert vum nächste Joer un, also vun 2017 un, am Staatsbudget afhuelen, a viraussichtlech ëm 500 Mio vun 2018 un. D’Auswierkungen dovunner op d’Gemengebudgeten si nach net mat agerechent a riskéiere méi auszemaachen wéi déi 90 Milliounen déi elo d’Gemenge méi sollen iwwreg behalen nom Ewechfalen vun de Gehälter am enseignement fondamental.
A wann ee weess, dass niewent der Reduktioun vun der Kierperschaftssteier eng Reduktioun vun der Gemenge-Gewerbesteier gefuerdert gëtt – e.a. vun den Deputéierten vun der CSV während der Debatt iwwer d’Gemengefinanzen – da weess een, dass déi nächst Joren batter Zäiten op eis Gemengen duerkommen an nees alt erëm de Routstéfft an Austeritéit wäerte mat sech bréngen.
Mär fäerten dass dat sech dann an der Fuerderung sou wäert ausdrécken, verschidde sougenannt fräiwëlleg – awer net “iwwerliewenswichteg“ – Ausgaben vun de Gemengen ze sträichen oder iwwert „outsourcing“ ze fueren. Wann een der Finanzschäffin der Mme Cecchetti gutt nogelauschtert huet, dann huet si och schonn do virdru gewarnt, wann och net mat däitleche Wieder.
“Mir brauche Lénksmajoritéiten a méiglechst ville Gemengen”
An der Chamber wuaren CSV-Vertrieder géint d’Applicatioun vum Kritär vu gemengeneegene Sozialwunnengen bei der Verdeelung vum Fonds de dotation globale. D’CSV-Vertriederinnen hei aus dem Gemengerot hunn déi läscht Joeren och ëmmer fir manner Scholden plädéiert, wat erëm eng Kéier de Spillraum vun der Gemengepolitik begrenzt.
A natierlech féiert eng Beschneidung vun den allgemengen ëmverdeelte Steiereinnahmen nom Revenu vun de Stéit an vun de Betriber op direktem Wee zu käschtendeckenden Taxen déi di kleng a mëttel Revenuen iwwerproportional belaaschten. Eis Haltung dozou ass bekannt – mir fannen dee Prinzip ongerecht och wa mer der Meenung sinn, dass natierlech d’Käschte mussen ofgedeckt ginn – ma dat kann een eiser Meenung no aneschters maachen wann natierlech de politesche Wëllen do ass.
Op déi läscht 10 Joer zréck gekuckt ass déi allgemeng Entwicklung scho voll amgaang, Ëmmer méi Projete ginn duerch sougenannten PPP Privat Public-Partnership duerchgezunn woubäi dat Wuert Partnership net bedeit, dass déi privat an déi ëffentlech Interessen déi selwecht sinn, an d’Opdeelung vun “Nutzen-Kosten” och net forcément partnerschaftlech ass. Oft sinn déi Privatinvestisseuren d’Notznéisser an d’Gemengen déi, di bezuelen an den Defizit ausgläiche mussen. Glécklecherweis ass eis Gemeng bis elo net op dëse Wee gaangen a mir hoffen dass dat och esou bleift.
déi Lénk fuerderen dofir, dass eist Altersheim, wat – luewenswäerter Weis – eng sozial Institutioun a Gemengenhand ass, et och bleiwt.
Mir ënnerstëtzen och all d’Initiativen am Beräich vun der Kannerbetreiung sief et wat d’Schoulen, d’Maisons relais oder Fräizäitaktivitéiten uginn. D’Kanner sinn eis Zukunft an dofir ass keen Euro ze vill.
Wat d’Solidaritéit mat deene Léit ugeet deenen et net esou gutt geet, si mi der Meenung dass, niewent der Epicerie solidaire an dem CIGL, weider Akzenter misste gesat ginn.
Och am Ëmweltberäich ass eis Gemeng e gutt Beispill – do hunn mir och als déi Lénk all Projet, sief et iwwert mobilité douce, iwwert Erhalen an Notzen vun eise Gringflächen, iwwert nohalteg Energiespuermoossnahme matgedroen.
Et si vill Suen am Budget fir d’Sanéierung vun eisem Waasser- an Ofwaassernetz virgesinn. Mir wëssen dass déi grouss Reform wat d’Waasser an d’Kanaltaxen ugeet virun der Dier steet. Elo 10 Méint virun de Gemengewahlen an 18 Méint virun de Chamberwahlen wäert do och keen dru fréckele goen. Mär wäerten och hei eis Fuerderung zu engem gestaffelte Waasserpräis, mat enger Part déi gratis soll sinn fir all Mënsch wëll et et e Mënscherecht ass, verteidegen.
Mer sinn duerfir der Meenung dass lénks Majoritéiten a méiglechst ville Gemengen mussen hei an Zukunft energesch géigesteieren – an dass och eng aner Politik an der Chamber an an der Europapolitik néideg ass. Deër Rietsentwécklung déi sech leider ëmmer méi staark bei eise Nopeschlänner mécht musse mer duerch eng glafwürdeg a biergerno a sozialgerecht Politik entgéint trieden a net eis dem Discours upassen, wat awer eng reell Gefor ass.
“Et ass gewousst dass Industriebetriber – wéi d’Luxguard zu Käerjheng oder Kronospan zu Suessem – keng Gewerbesteier bezuelen.”
Komme mer awer nach emol zum Budget zréck.
Zum Detail vun de staatleche recettes non affectées, déi op allgemenge Steiere berouen, hunn ech eng Rei vun zousätzlechen Erklärunge gefrot:
– Wéi gëtt de „ratio de densité“ wat d’Awunnerzuel ugeet berechent? Dat ass eng wichteg Fro well hei gi ganz kloer d’Gemenge mat Staatcharakter bevirdeelegt – eng Gemeng déi aus 4 Uertschaften an éischter als Landgemeng ka bezeechent ginn ass do benodeelegt.
– Wéi héich sinn eis „emplois salariés“ déi berücksichtegt goufen?
– Wéi gëtt den „indice socio-économique“ berechent a kënn der eis déi aktuell sozial donnéen déi eis Gemeng betreffen matdeelen ?
– Wéi vill sozial Wunnengen huet eis Gemeng – a ginn an deene Verdeelungsfacteuren a Betruecht gezunn? Dat wäert an Zukunft ëmmer méi mat consideréiert ginn bei der Berechnung vun der Dotatioun de l’Etat.
– A wéi ass den Total vun der Fläch vun eisen Aktivitéits- an Industriezonen?
Eis Gemeng kritt iwwert den Impôt commercial communal 643.322 €, als direkten Undeel vun de Betriber aus eiser Gemeng, d’Moyenne läit, laut circulaire, bei 722.000 €.
déi Lénk hu schonn ëfters kritiséiert, dass d’Gewerbesteier eng ontransparent Steier ass an och laut dem politesche Wëllen vun der Regierung och bleift.
Et ass gewousst dass Industriebetriber – wéi d’Luxguard zu Käerjheng oder Kronospan zu Suessem – keng Gewerbesteier bezuelen.
Kee kann eis soen wat fir grouss Betriber hir Steiere bezuelen, wahrscheinlech si just déi kleng an eiser Gemeng betraff. Duerfir ass och de gemengeneegenen Undeel un deër Steier esou kleng. Wann 35% vun deër Steier hei an der Gemeng eng direkt Recette vun 643.000 € bréngen, da sinn 100% dovun 1,8 Mio. D’Differenz droe mer an d’allgemengt Dëppe bäi.
Et gëtt ëmmer lamentéiert, dass op der Recettesäit net vill – ausser Taxenerhéijungen – ze maache wier an dass de Spillraum vun de Gemengen do net ganz grouss wier.
déi Lénk sinn net där Meenung a mir hunn, an do widderhuelen ech mech, Virschléi gemeet déi esouwuel d’Gemengefinanzen wéi och d’Situatioun um Wunnengsmaart ginge kuerzfristeg nohalteg an durabel positiv beaflossen.
“Leider hu mir ni an dësem Gemengerot en déifgräifenden Debat iwwer Wunnengspolitik gefouert”
An eiser Gemeng gëtt vill Terrain kaaft a baue gelooss. De Wunnengsproblem ass awer weider net ze ënnerschätzen. Eis Gemeng steiert hin op eng Awunnerzuel vun 17.000 Léit fir Ugangs d’nächst Joer. Dat sinn der manner wéi geduecht war – schliisslech si mir jo bei den Plans sectoriels als „commune prioritaire“ klasséiert gewiescht. Dat läit net zu Läscht och dorunner, dass et net genuch präiswäert a qualitativ héichwäerteg Mietwunnengen an eiser Gemeng gëtt an awer weiderhin ze vill alles de Privatpromoteuren iwwerlooss gëtt. Mir wënschen eis eng méi aktiv a verantwortungsvoll Roll vu Säiten vun eiser Gemeng.
Dofir widderhuelen mir och eis Iddi vun der Schafung vun enger ëffentlecher Gemengewunnengs- a Bauagentur.
D’Gemeng huet en emprunt vun 7,5 Mio fir de Kaf vun de „logements encadrés pour personnes agées“ um Belval gemeet. Dat ass fir eis e Schratt an déi richteg Richtung. D’Praxis huet bewisen, dass déi ëffentlech Hand hei Verantwortung iwwerhuele muss. Mir wënschen eis méi deër Projeten, och wa kuerzfristeg grouss Investissementer domadder verbonne sinn – mëttelfristeg a laangfristeg mécht dat sech „bezuelt“, d’Gemeng als eegene Bauhär kann verstäerkt Wunnenge baue loossen an se dann zu engem erschwinglechen Tarif verlounen oder verkafen. Mat dem Iwwerschoss géing e Circuit entstoen wou weider Bauprojeten esou finanzéiert kéinte ginn an op der Recettessäit ging eng fiabel a prévisibel Valeur entstoen an d’Gemeng kéint weiderhin mat flotte Projeten déi sozial Ongerechtegkeeten, déi an eiser Gesellschaft entstinn, offiederen.
Leider hu mir ni an dësem Gemengerot en déifgräifenden Debat iwwer Wunnengspolitik gefouert – e gudden Usaz wuaren eis Workshoppen zu den „Plans sectoriels“ – ma déi Diskussiounen si verpufft a net méi weidergefouert ginn. Och net an den Gemengekommissiounen. Och des Kritiken hu mir als déi Lénk ëfters formuléiert.
“Iwwerhaapt ass de politeschen Debat eppes wat eis Majoritéitsvertrieder versichen ze vermeiden, oder vläicht esouguer fäerten.”
Iwwerhaapt hu mir als déi Lénk e Problem mat dem allgemengen Demokratieverständnis vu dësem LSAP-déi gréngen Schäfferot. Jo dat kennt iech bekannt vir – leider muss ech soen –, mir gesinn do kee Fortschrëtt, éischter e Réckschrëtt.
An deene meeschte Gemengekommissiounsberichter fënnt ee just Beschlëss a keng Diskussiounen erëm; si si weider net ëffentlech. D‘Gemengerotsberichter gi weiderhin „wie gehabt“ redaktionnell verschafft – a mat considerabele Verspéidungen un d’Biergerinnen an d’Bierger verdeelt. Deen eenzege Fortschrëtt, wann een dat esou ka nennen, ass deen, dass mer well eng facebook-Säit hunn wou de procès-verbal vun de Sitzungen 2 Deeg no de Sitzungen drop kënnt, a natierlech um Gemengesite – ma ouni déi néideg Informatiounen a politesch Debaten déi gefouert goufen.
Iwwerhaapt ass de politeschen Debat eppes wat eis Majoritéitsvertrieder versichen ze vermeiden, oder vläicht esouguer fäerten. Ech kann mer dat nëmmen esou erklären, dass déi meeschte Léit aus der Majoritéit vergiess hunn dass si all de Léit aus eiser Gemeng géintiwwer verflicht sinn – si sinn esou dru gewinnt ze maachen wat si wëllen. Hei bestätegt sech leider de weise Sproch „das Sein bestimmt das Bewusstsein“ am negative Sënn.
Dat kléngt elo e bësse vermessen vu menger Säit, ma wann ech un déi läscht Gemengerotssitzungen denken, wou mir virgeworf gouf, ech sollt dach em gotteswëllen Froe stellen a net Motiounen erareechen wëll dat wier dem Schäfferot géintiwer net esou kollegial. Ech versichen als Gemengeréitin konstruktiv an kollegial Iddien eranzebréngen a notze mäi Recht, Initiativen ze ergräifen – als Äntwert kréien ech dann, nodeems mer eng hallef Stonn de Constat gemeet hunn dass et effektiv op deem Niveau e Problem gëtt, ze héieren, meng Motioun wier zwar richteg a wichteg ma si géif net gestëmmt well, an do erlaabt mer den Här Buergermeeschter ze zitéieren, „si wier superfétatoire“. Obwuel ni iwwert d’Problematik vun den Abus wat Loyerspräisser ugeet oder de Fonctionnement vun der Loyerscommissioun diskutéiert gouf, ass de Virschlag vun déi Lénk als „iwwerflësseg“ ofgekanzelt ginn, „ wëll de Schäfferot wier am Gaangen dat ze maachen„ ,wat awer kee Mënsch am Gemengerot wousst. Ech fir mäin Deel stelle fest, dass verschidde Virschléi vun déi Lénk absolut net iwwerflësseg ma längst „iwwerfälleg“ sinn. Den Här Buergermeeschter huet jo och zouginn, dass wann d’Motioun vun déi Lénk géing gestëmmt, déi Lénk dann dovun de Bonus hätt.
A wat fir enger Welt liewe mer?
“De Match géint de Contournement wuar fir mech e positiivt Beispill vu Politik wat mech doranner bestäerkt, dass et der Wäert ass sech z’engagéieren a sech ze wieren.”
E Kolleg hei aus dem Gemengerot huet mir am Ufank vu mengem Mandat, virun 2 Joer, an engem paternalisteschen awer frëndlechen Toun sënngeméiss gesot, ech misst nach vill léieren an wéisst nach net esou richteg wéi een Politik mécht. Majo, de Kolleg ass elo Opfer vun deër Politik, wéi hien a seng Parteikollegen dat ëmmer verstanen hunn, ginn. Hien, deen ëmmer en treien Parteizaldot wuar an sech luewenswärterweis ëmmer méi zu engem Schwejk entwéckelt huet, ass elo vu senge Parteikollege fale gelooss ginn – esou eng Politik refuséieren ech kategoresch. Mënschlech gesinn ass dat eng Sauerei wat beim Vote vum Conseil d’Administration vum Office Social geschitt ass. Dir musst mech entschëllegen, ma ech kann elo net einfach zur Dagesuerdnung iwwergoen, ech wäert dofir och net um Ofschlossiessen den Owend deelhuelen, fir kloer mäin Désaveu a meng Empörung auszedrécken.
Ech weess och net wat fir eng Rietsentwécklung an der LSAP de Moment am Gaangen ass, och op nationalem Plang, ma ech maache mer grouss Suergen.
De Budget kann ech net stëmmen, och wa vill Aspekter vun eis matgedroe ginn. Vill Iddien hu mir op déi eng oder aner Manéier mat erabruecht. An dësem Budget awer gi keng nei Akzenter gesat, wat in Anbetracht der Tatsach, dass dëse Schäfferot an enger déiwer Kris ass, a mir d’nächst Joer Gemengewahlen hunn, fläit och verständlech ass.
Zum Schluss wëll ech awer nach e ganz wichtegen a positive Punkt an Erënnerung ruffen dee weist wéi et awer och anescht ka goen: eisen zum Deel haarden, laangootmegen ma schlussendlech eenheetleche Match géint de Bau vum Käerjenger Contournement. Mir hunn et fäerdeg bruecht e gutt motivéierten avis ze formuléieren a mir sinn och ganz konsequent a Recours géint d’Décisioun vun der Regierung gaangen. De Match ass zwar nach net ganz gewonnen, gewonnen hu mer awer all, well mer eenheetlech un engem Strang gezunn hunn an duerch all Parteibänken objektiv a solidaresch am Sënn vum Wuel vun eiser Gemeng an doriwwer eraus gehandelt hun – wëll et as jo beileiwe kee lokalen ma e regionale Problem. Dat wuar fir mech e positiivt Beispill vu Politik wat mech doranner bestäerkt, dass et der Wäert ass sech z’engagéieren a sech ze wieren.
Ech soen iech Merci fir är Opmierksamkeet a wënschen iech an ären Familljen erhuelsam a friddlech Feierdeeg.
Patrizia Arendt, fir déi Lénk