Ried zum Budget 2017 am Gemengerot (02.12.16).

Merci Madame Buergemeeschter, fir d’Wuert an och äer Präsentatioun vum Budget. E Merci och allen bedeelegte Servicer a Mataarbechter fir d’Opstellung vum Budget, a besonnesch dem Claude Fleming fir seng Explikatiounen.

Dest ass den leschten Budget virun den nächsten Gemenge-Walen am Oktober 2017. Mir haten dofir gemengt, dier géift bei ärer Ried zur Virstellung vun dësem Budget dovunner profitéieren, fir en Bilan vun deenen leschten 5 Joer ze zéien. Dat hutt dir awer net gemaach. Vläicht hutt der dat och net gemaach, well dir iech bewosst sidd, dass dësen Bilan an ganz villen a wichtege Beräicher alles anescht wéi positiv ass. Virun allem bei Schoulen a Kannerbetreiung a beim Wunnengsbau gëtt d’Aarbecht vun ärer Koalitioun den dréngende Besoine vun der Escher Populatioun net gerecht. Iwwerhaapt hunn an Esch immens vill wichteg Projeten an Dossiere jorelaang geschleeft, a si schleefe leider och nach weider. Elo kréien mir awer hei vum Schäfferot fir 2017 e Budget extraodinaire vun iwwert 81 Milliounen Euro virgeluecht, no knapp 63 Millioune fir 2016 a 47 Millioune fir 2015. Do kéint een un d‘Sprachwuert denken „Am Abend wird der Faule fleißig,“ an et kéint ee sech driwwer freeën, datt elo an Esch endlech emol ugerappt soll ginn. Mee wann ee sech dann de Budgetsprojet méi genee ukuckt, kann ee sech froen ob een dee Sproch net misst e bëssen ëmänneren: „Am Abend täuscht der Faule Fleiß vor.“
Leider ass et genee esou wéi vill Escher Leit d’Politik vun der Gemeng erliewen. Ech probéieren iech eis Kritik  dofir méi am Detail ze erkläeren.

Ech hunn mir mol ugekuckt wat jeweils den Ennerscheed ass am Budget extraordinaire, also bei den Investitiounen, teschent dem Budget initial an den Konten, also deem wat effektiv ausginn gouf: Mir sinn eis duerchaus bewosst, dass et net méiglech ass an engem Joer 100% vum Budget, deen virgesinn gouf ze verschaffen, mä mir denken, dass 75 bis 80% awer en duerchaus erreechbart Zil sinn. 2013 kommt dir op 65,431 Prozent, 2014 nach just op 54,937 Prozent an 2015 nëmme méi op 42,037 Prozent, also vill manner wéi d’Halschent! Dat léisst och näischt Guddes hoffen fir d’Konten vun 2016, well mir sinn elo beim Budget rectifié schonn bei nëmmen nach 67,622% vum initialen Budget. Dat heescht, dass dir eis all Joer am Budget ganz vill versprach hutt, awer nëmmen ganz wéineg effektiv realiséiert hutt. Amplaz och nëmmen ongeféier an d’Géigend vun 80% vun realiséiertem Budget ze kommen, verschafft dir d’Halschent oder seguer manner wéi d’Halschent. Dat ass carrément schlecht, an esouguer wann dir eis wéilt erklären déi genannten 80% wären net realistesch, ass dat net ze vertrieden. Mir kënnen also novollzéien, firwat dir net wollt zevill op en Bilan agoen. Ech kommen den Moien nach op e puer Beispiller heizou zeréck.
Dann elo zum Budget fir d’nächst Joer. Dir verstitt datt mer ganz grouss Zweifelen hunn un senger Realiséierung. Wat dir eis hei als Budget presentéiert gläicht méi engem verfréiten Walprogramm: Zu ganz villen Themen  schléit de Schäfferot elo – e puer Méint virun de Walen – mol Etuden vir. Villes gëtt nach iwwerluet oder soll ausgeschafft ginn: nei Léisungen fir d‘Geschäftswelt (étude innovation commerces), en neit Konzept fir Sozial Locatioun (étude nouveau concept de location sociale), an nei Iddeen wat den Verkaf vun Haiser ubelaangt sollen ausgeschaff ginn ( „Halbhaus“), och fir Ensber soll en neien Projet iwwerluet an ausgeschafft ginn (alen Projet net realiséiert), e Konzept fir e Kino gett gesicht an natierlech eng  étude fir eng Seelbunn an nach villes méi. Et ass richteg, dass hei vill ganz interressant Saachen ugeschwat ginn, mee hei ass wéineg Konkretes. Vill Ideeen ginn ugedeit, eng Richtung gett ugedeit (effektiv oft interressant), mee dest sinn alles Saachen déi net wärten am nächsten Joer emgesat ginn. All déi Etuden hätten missen um Ufank vun ärer Koalitiounsperiod gemaach ginn, an net um Enn. Mir hunn hei effektiv, den Androck, dass dier hei just ären Walprogramm virbereet an probéiert nach séier e puer Saachen unzefänken, déi dir an den leschten Joer versäumt hutt.
De Schäfferot verfällt an eng Art „Torschlusspanik“, déi driwwer ewech kucken soll, dass dir an den leschten Joeren wéineg Neies emgesat hutt an an ärer Aarbecht weder en Rhythmus nach Visiounen z’erkennen waren.

Logement
Och am Logement proposéiert dir eis nei Etuden, fir nei Weeer ze goen. Dir sot, dass dir mat Stied wéi Wien wëllt Kontakt ophuelen. Dat ass natierlech eng gutt Saach, well Wien ass an Saachen ëffentlech Mietwunnéngen virbildlech. Mee ech weess awer schon wat si soen wärten, an zwar : Da baut ëffentlech Mietwunnéngen. Well grad zu Wien wunnt all 4. an enger Wunnéng, déi vun ëffentlecher Hand gebaut gouf. Et kann een sech och net éiweg hannert dem Fait verstoppen, dass déi meescht aner Gemengen manner Wunnéngen hunn. Esch muss weider mam gudden Beispill virgoen. Grad eis Escher Populatioun profitéiert am mannsten vun de subventionéierten Eegentumswunnengen an -haiser an den Nonnewisen, well vill Leit guer net déi néideg Finanzen hunn, fir iwwerhaapt emol e Prêt vun der Bank fir esou ee Kaf ze kréien. Mir brauchen dofir vill méi ëffentlech Mietwunnengen zu abordabele Präisser. Ech mengen domat net Sozialwunneengen fir déi Äermst, mee Wunnenge fir déi vill Leit déi zwar net aarm sinn, mee déi bei de verréckten Immobiliepräisser zu Lëtzebuerg just nach eppes loune kënnen.   Mee dësen Beräich, obschonn ëmmer erem als Prioritéit deklaréiert ass grad esou ageschlof, wéi déi aner. Et ass elo wou muss an ëffentleche Wunnéngsbau investéiert ginn, an et muss een sech och bewosst sinn, dass déi Quartieren, wou et verhältnismässeg vill ëffentleche Wunnraum gëtt, dat Quartieren sinn, an deenen d’Zesummeliewen am beschten fonktionéiert. Wann ech dann de leschten Budget kucken gesinn ech, dass dir ronn 13 Milliounen fir de Logement virgesinn hat, an am Budget Rectifié stinn der nach ronn 6, also mol net méi d’Halschent. Dat sinn fir iech Prioritéiten.
An och beim Renovéieren vum bestehenden Wunnraum geet et immens lues wieder. Firwat gett zB elo schon säit Joeren net richteg mat der Renovatioun vun den Haiser an der Rue de la Source weidergefuer? Déi stinn elo schon joerenlaang zum gréissten Deel eidel. Mir froen eis och firwat déi Taxe op eidelstehenden Wunnéngen an net genotzten Terraien net agedriwwen gouf, fir eppes géint deen groussen Leerstand, och hei zu Esch ze maachen. De Gemengerot huet dat Taxenreglement gestëmmt, da musst dir et och duerchféieren.
En anert Beispill, wat weist, wéi d’Projetë hei zu Esch schleefen, ass den Bau vun Studentewunnéngen. Déi 2 Projetë „Mercure“ an „Diva“ sollten jo schon bei der Eröffnung vun der UNI opgoen. Mä déi sinn nach ëmmer net färdeg, obschonn d’UNI méi spéit wéi virgesinn opgaang ass, an elo schon 2 Joer fonktionéiert.

Stadentwécklung
Zu Recht, weist dir drop hin, dass d’Erschléissung vun 3 neien Frichen, Esch-Schëffléng, d’Lentille terres-rouges an den Crassier eng grouss Chance awer och Erausfuerderung bedeit. Dir hutt iech am Februar och zu Recht opgereegt datt ArcelorMittal d‘Schléissung vun AES an d’Neinotzung vun deem Areal ugekënnegt huet, ouni mat den Escher Gemengeveranwortlechen ze schwätzen. Bei der Budgetspresentatioun hutt der iech zefridde gewisen, datt den Escher Schäfferot no äerer Interventioun mat 3 Leit am „Comité d’accompagnement stratégique vertrueden“ ass.  Mä leider muss ech awer feststellen, dass de Gemengerot guer net an déi Diskussiounen mat agebonnen gëtt. An hei geet et awer em en ganz wichtegen Aspekt an eiser Stadentwécklung, well dat wat hei geschitt wärt eis Stad fir emmer veränneren an dominéieren. Dofir intervenéiere mir och elo bei iech mat der Fuerderung, dass och d’Oppositioun 2 Beobachter an deem Comité kréie muss.
Mir froen eis och firwat den Wunn-Tuerm, deen sollt um fréieren Site vum Garage Losch gebaut ginn elo op eemol net méi gebaut soll ginn. D’Bautenkommissioun war majoritär dofir, an hei am Gemengerot hunn mir erklärt kritt wat  d’Virdeeler vun esou engem Tuerm sinn, dass all Bedenken grondlos wären an dass eng traditionell Randbebauung hei vill méi Terrain verbraucht an zB kéng Plaz fir eng Spillplaz méi léisst. An elo gëtt do ouni weider Diskussioun, weder am Gemengerot nach an der zoustänneger Kommissioun, sech dann genau fir esou eng Randbebauung entscheed.

Stroossenbau
Wat de Projet vun der Erneierung vun den Stroossen am Zentrum an notament vum Quartier Brill ugeet, sinn mir der Meenung, dass dat wat dir eis an der virleschter Sëtzung virgestallt hutt, definitiv an déi richteg Richtung geet. D’ënnerierdesch Sanéierung an d’Erneierung vun alle Stroossen ass d’Virbereedung fir dass hei erëm en liewenswerten Quartier fir déi Escher awer och fir Visiteuren kann entstoen. Leider muss een awer feststellen, dass et vill ze laang gedauert huet, bis et hei zu engem Projet koum; dat Konzept hätt der missen ganz am Ufank vun ärer Mandatsperiod azsschaffen. Schliesslech gëtt schon joerzengtelaang iwwert deen schlechten Zoustand vun den Stroossen am Brillquartier geschwat. An der Press konnten mir an den leschten Wochen liesen, dass d’Brillstrooss amgaang ass erem opzebléien, mä dann mussen mir just hoffen, dass déi nei Geschäfter et dann bis zum Enn vun den Aarbechten packen.
Mir sinn eis natierlech bewosst, dass et grad am Stroossenbau en enormen Nohuelbedarf gett. Et ginn och vill Efforten gemaach fir sou vill wéi méiglech Stroossen an d’Rei ze setzen, an dat net nëmmen iwwerflächeg mä och d’Infrastrukturen ënnert dem Buedem.
Esch huet en Image-Probleem, an déi vill Stroossen, déi an engem schlechten Zoustand sinn féieren och net zu enger Verbesserung vun dësem Image. Mir denken dofir, dass een nierwend der grëndlecher a méintelaanger Renovéierung vun eenzelne Stroossen, all déi aner  Stroossen, déi schlecht sinn an eben nach net direkt kënnen drun kommen fir richteg nei gemaach ze ginn, einfach nëmmen nei asphaltéiere soll. Dat ass pro Strooss an kuerzer Zäit geschitt. Mir ginn dovun aus, dass mat ronn 3 Millioune € sämtlech Stroossen am Zentrum kéinten een neie Belag kréien. Dat ass kéng enorm Ausgab, an wann een et op e puer Joer verdeelt ass et nach manner problematesch.

Hygiène
Wann ech grad beim Image vun Esch sinn, well ech och kuerz op d’Hygiène ze schwetzen kommen. Wéi mir all wëssen ass Esch nach laang net esou knaschteg, wéi et vu verschiddene Leit ganz gär duergestallt gëtt. An Esch war och schon laang net méi esou propper wéi haut. Mä et ginn awer Probleemer an déi  muss een ugoen. Leider fale bei dësen Probleemer deenen meeschten Leit nëmmen réng repressiv Moossnamen an. Natierlech kommen mir och net laanscht esou Moossnamen, mä déi wierken nëmmen, wann grad e Polizist oder en Garde-Champêtre do steet, an muench Leit méngen Regelen an Gesetzer géifen net méi gëllen wann grad keen kuckt. Hei muss een also anescht virgoen, an d‘Leit responsabiliséieren fir hier Stad an hieren Quartier propper ze halen. Och esou Moossnamen hunn kéng Ausicht op 100% Erfolleg, mä bréngen awer méi wéi just d’Opstellen vun Verbuetsschëlder an d‘Ausstellen vun engem Protokoll, wann dann een sech erwëschen gelooss huet. Heizou ginn et wëssenschaftlech Etuden, déi beweisen, dass een mat frëndlechem Erklären an Responsabiliséieren zB bis zu 40% manner Vandalismus kann hunn, wéi wann een just op Verbuetsschëlder an d’An Aussicht sëtzen vun Stroofen baut.
Et gëtt och e Begrëff, deen nennt sech „Broken-Window-Effekt“, deen kënnt dovun, dass wann bei engem alen Haus bis déi éischt Fënster ageschloen gouf et net laang dauert, bis och déi aner ageschloen ginn. Dest trefft och op den Dréck an enger Stad zou: Wann bis e bëssen Dréck entzwouch läit, dauert et net laang, bis es ëmmer méi do läit. Dofir ass et richteg vill op d’Botzen vun den Stroosen ze setzen. Ech weess, dest ass eng Strategie, déi zu Esch schon méi laang ëmgesat gëtt, an déi soll och wieder ugewandt ginn an och erweidert ginn. Eng Rei vun Leit sinn immens rosen driwwer, (natierlech guer net zu Onrecht), dass hei Gemengenugestellten mussen deenen aneren Leit hieren Dréck ewech maachen, mä grad dest hëlleft awer, dass es manner derbäi kënnt. Dofir ass et awer och falsch, datt bei der Sammlung vu Verpackungs-Müll blo Drecks-Tuten e rouden Autocollant gepecht kréien an da wochelaang um Trottoir trëlle bleiwen an eis Stad verhonzen. Grad bei Appartementshaiser strooft d‘Gemeng domatt virun allem déi Leit, déi hiren Offall richteg entsuergen; déi Leit déi egal wat an de bloe Sak stiechen, stéiert et och net wann hier Hausentrée mat Drecks-Tute vollgestallt ass.
Ech bleiwen nach bei der Hygiène, fir nach eng Kéier drop hinzeweisen, dass et zu Esch nach ëmmer keen Konzept fir ëffentlech Toiletten gëtt. Mä och dest gehéiert zu enger moderner Stad, déi Esch well sinn, derbäi. Et feelen nach ëmmer Toiletten, wéi zB op der Guar, an déi bestehend sinn net ausräichend bis guer net gezeechent. En Friemen huet absolut kéng Chance eng ëffentlech Toilette ze fannen. Et hëlleft näischt sech iwwert déi Leit opzereegen, déi hiert Geschäft „wëll“ erleedegen, wann et kéng aner Méiglechkeet gëtt. Dofir missten déi Toiletten, sou wéi an deenen meeschten Stied och gratis sinn, an mir bräichten op verschidden Plazen, wéi zB op der Guar ëffentlech Pissoiren, wéi et se zB op der Stater Guar ginn.

Kultur, Denkmalschutz
Mir fannen et definitiv positiv, dass endlech soll an den Denkmalschutz investéiert ginn, mee aer Astellung zum Denkmalschutz, déi ech schon e puer mol kritiséiert hunn, huet net geännert: Fir d’éischt well dir kucken firwat en Objet kann gebrauch ginn, an dann eréischt gëtt decidéiert op en soll erhal ginn. Dest ass eng Approche vun „Re-Cycling“ am beschten Fall vun „Up-Cycling“ awer net vun Denkmalschutz. Mat esou enger Approche riskéiert een mat allen schützenswerten Gebaier esou emzegoen, wéi op Belval, wou just nach Schieter vun deem do stinn wat Belval war, an net wéi vun villen Historiker gefrot esou erhalen, dass een d’Aktivitéiten kann esou novollzéieen, wéi se sech ofgespillt hunn. Belval ass en Beispill, wéi een Denkmalschutz kann falsch upaken. Natierlech soll een déi schützenswert Gebaier wa méiglech weider innovativ notzen, mee et muss eben fir d’éischt festgestallt ginn, dass se erhalen musse ginn, wéinst hirem eegenen historeschen a kulturelle Wäert, an onofhägeg vun enger eventueller weiderer Notzung.

2022 soll Esch Kulturhaaptstad ginn. Bis elo war dat nach ni en Thema an eiser Kulturkommissioun. Wéi soll dat den Leit nobruecht ginn wann schon eis eegen Gremien net mat abezunn ginn. Mir fannen, dass bei esou engem enormen Projet et awer un der Zäit wier hei mol eng Kéier de Punkt ze maachen fir ze wëssen, wou mir drun sinn.

Musée
Eng aner Saach, déi mir vermëssen ass en Escher Lokalmmusée. An heizou gëtt et emol kéng Etude. Effektiv, gëtt et zu Esch kéng Plaz, wou déi Escher oder och Visiteuren eppes zu Escher Lokalgeschicht gewuer ginn. An do ginn et awer vill interressant Aspekter: Natierlech denken ech do un Paleometalurgie, mee hei kéint een zB och op spezifesch Escher Legenden an Anekdoten agoen. Esou en Musée huet eiser Meenung no eng wichteg Plaaz an enger Stad, déi ëmmer méi wellt op Tourismus setzen.

Abrisud
Ech muss awer och eppes zum Abrisud soen: Ech méngen heibannen sinn mir eis all eens, dass mir dringend hei déi nei geplangten Raimlechkeeten brauchen, well déi al gläich vum selwen auseneen falen. Den Abrisud gëtt esou lues zum Symbol vum Stëllstand, deen d’Leit hei zu Esch emfannen. Mir denken, dass een awer net kann éiweg alléng den CSV an DP- Ministeren d’Schold ginn, mä dass och Esch sech muss bewegen an d’Initiativ huelen, fir hei endlech en Kompromiss ze fannen.

Schoulen
Dann kommen ech nach kuerz zur Schoulpolitik. Ech wéilt ufänken mat engem kléngen positiven Punkt, an zwar, dass effektiv en Budgetspunkt virgesinn gouf fir Vakanzenkolonien fir all d’Kanner déi zu Esch an d’Schoul ginn ze garantéieren. Dat freet mech besonnesch, well ech dat e puer mol gefrot hunn.
Dir wesst awer, dass den Haaptprobleem zu Esch beim Schoulraum an bei deenen ze wéinegen Plazen fir Kannerbetreiung läit. Dëse Fait, gëtt jo och vun bal allen Parteien heibannen unerkannt. Dir selwer hutt an ärem Koalitiounsofkommes geschriwwen, dir wéilt fir eng „Flächendeckend Kannerbetreiung“ suergen an 3 nei Schoulen bauen.
Wat déi „Flächendeckend Kannerbetreiung“ ugeet, ass et trotz kléngen Efforten, net déck. Mir kënnen hei zu Esch nach ëmmer nëmmen e bëssen méi wéi 30% vun den Kanner betreien, wou tëschent 50 an 60% néideg wären. „Flächendeckend“ kann net heeschen iwwerall e bëssen.
Vun deenen 3 versprachenen Schoulen hutt dir der genau Null gebaut. D’Schoul vun Wobrécken geet viraussichtlech 2020 op, also an der Mëtt vun der nächster Legislatiounperiod. Natierlech sot der mir elo, dir géift jo eng Schoul op de Kleppen bauen. Mee op dat wierklech eng Schoul gëtt, dat heescht eng eegen Entitéit, oder awer nëmmen eng Tirangsschoul ass nach emmer net kloer. Des Schoul misst op jidde Fall direkt eng eegen Entitéit ginn, mä dofir hätt een awer schon elo ufänken missen en Aarbechtsgrupp ze maachen, deen en Konzept fir déi Schoul ausschafft an och en zukunftege Sekteur misst elo décidéiert ginn. Eng gutt Schoul ass emmer eng Schoul, déi en Konzept mat engem roude Fuedem duerch all d’Cyclen huet, wou net wéi fréier eben an all Klass esou geschafft gouf, wéi deen Enseignant eben geschafft huet, egal wat virdrun gelaf ass oder wat durno leeft. Wann sech eng Equipe fonnt hätt kéint déi jo och bei der raimlecher Gestaltung matwierken, well och bei Färdegbauweis ginn et vill verschidden Gestaltungsméiglechkeeten. Leider ass de Schäfferot nach net op de Wee gaang, fir dofir ze suergen, dass sech hei eng Equipe kann fannen, déi dat mécht. Géint Bauweis ass och grondsetzlech näischt ze soen, ausser, dass de Stad hei wahrscheinlech näischt wärt bäileen, an Esch ganz alléng muss dofir opkommen. Dest ass schon laang eisen Terrain, an hei hätt een ouni Probleem , wann een mat Zäiten ugefang hätt, eng Schoul an richteger Bauweis bauen kënnen, un der sech den Stad dann och bedeelegt hätt. Dest, Mme Bofferding, ass e Beispill, dass nach emmer ze kuerzfristeg geplangt gëtt.
Wat d’Schoulplanung ugeet, sinn mir also nach emmer bei engem konzeptlosen Pléischteren amplaz vun enger seriöer Planung: Vun der Neiduerfschoul, déi och an ärem Koalitiounsprogramm steet, gëtt net geschwat, obschonn dee Quartier dringend eng Schoul bräicht, an eng Schoul hei, eis och géif hëllefen, fir d’Kanner vun den Flüchtlingen, déi an d’Neiduerf kommen, z’integréieren, egal wéivill Kanner do kommen wärten.
Och vun der Renovatioun vum Ale Lycée gëtt net méi geschwat obschonn, déi Schoul kéngen modernen Ufuerderungen méi entsprécht. Amplaz ginn dann schon erem Suen an eng Etude de Faisabilité investéiert fir an deem alen Sprëtzenhaus e puer Klassensäll ënnerzebréngen.
Ech kommen awer nach kuerz zu der Wobréckener Schoul zréck, well et och hei nach keen Aarbechtsgrupp gëtt, deen un engem Konzept fir des Schoul schafft, an dat obschonn mir nach d’lescht Joer erklärt kruten, hei soll eng Plilotschoul entstoen.
An deem Kontext stellen ech och nach gären eng Fro, déi ech elo schon zweemol gestallt hunn, op déi ech awer nach kéng Äntwert krut. Säit engem Joer hunn mir eng UNI zu Esch. Déi UNI bild net nëmmen d’Enseignanten aus, mä wellt och Forschung bedreiwen am Beräich vun der Pädagogik. Dass d’Uni heifir och eng ugegliedert Schoul brauch, fir do ze forschen läit op der Hand. Och op der Hand läit, dass dest fir Esch an den escher Schüler direkt géif vun Notzen sinn, an och fir Lëtzebuerg wär et interressant, wann nei Weeer hei zu Esch ausprobéiert ginn, grad well mir eng Schoulpopulatioun hunn déi an deem aktuellen System net priviligéiert ass. Dofir hat ech d’Fro gestallt: Wat huet den Escher Schäfferot gemaach, fir secherzestellen, dass esou eng Schoul zu Esch ass. Fir dat an der Schoul vun Wobrécken ze maachen wär jo ideal gewiescht. Well ech bis elo op déi Fro kéng Äntwert krut, an kéng Äntwert jo och eng Äntwert ass, stellen ech méng Fro aanescht: Firwat huet de Schäfferot dës Demarchen net gemaach?

Ofschléissend stellen ech fest, dass an deenen leschten Joeren villes vill ze lues vun der Plaz komm ass, an dass, ganz oft op der Plaz getrëppelt gouf amplaz fir konsequent nei Visiounen fir Esch z’entwéckelen an dann och ëmzesetzen. Och dësen Budget stellt net déi néideg Weichen, fir den Ufuerderungen gerecht ze ginn, déi op Esch duerkommen. An Esch steet nach ëmmer virun engem enormen Wandel, deen sech an deenen nächsten Joeren wärt vollzéien.
Dest ass e Budget, deen den Uschäin vun Aktivitéit soll ginn, deen awer un sech näischt wierklech Konkretes oder Neies virschléit. Esch hätt en konsequent Emsetzen vun gutt duerduetenen Projeten gebrauch. Mä amplaz ginn elo vill ze spéit eng Hellewull vun Etuden lancéiert. Et bleift ze hoffen, dass doraus eventuell trotzdeem fir déi nächst Joeren déi richteg Projeten fir Esch entstinn, mä dësen Budget kënnen mir awer net matstëmmen.

Laurent Biltgen

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe