
Ech wëll a menger Interpellatioun op zwou Saachen agoen.
Op der enger Säit de PAG. De Schäfferot hat sech d’Zil gesat de PAG des Legislatur ofzeschléissen. Dat Zil ass dunn virun engem Joer geännert ginn an et ass gesot ginn dass de PAG bal fäerdeg gestallt gëtt, de Parteien déi Etuden a Pläng zur Verfügung gestallt ginn an dann all Partei sech kinnt a senge Walprogrammer positionéieren. Elo ass Mee 2017, d’Walprogrammer si voll amgaangen ausgeschafft ze ginn, an nach ëmmer hunn weder d’Parteien nach d’Gemengerotsmemberen Informatiounen iwwert de PAG kritt bis op eng Versammlung wou 2-3 Beispiller ugeschnidde gi si mee zenterdeems ass Funkstille. Wou ass d’strategesch Ëmweltprüfung drun ? Wou sinn d’Aarbechten drun ? Wéini kréie mer als Gemengerotsvertrieder do Informatiounen?
Ze begréisse war als gutt Beispill d’Präsentatiounen am Gemengerot an och bei Kommissioune vun der Verkéiersétude an och vun der Etude zur demographescher Entwécklung. Firwat geschitt am Kader vum PAG do näischt ? Et war nach am leschte Joerdausend wou d’Aarbechten um neie PAG ugaange sinn. An nach ëmmer ass keng breet Diskussioun iwwert wéi mer eis d’Stad Déifferdeng vun der Zukunft virstellen.
Dat selwecht gëllt fir de Partizipatiounsprozess deen op differdangechange.lu gelaf ass. Do ginn et Resultater mee wéi ech aus der Äntwert vum Schäffe Georges Liesch an der Gemengerotssëtzung am Dezember op meng schrëftlech Fro schléisse kann a muss, ass kee Wëllen do, d’Uleies vun de Bierger a Biergerinnen déi do erauskomm si mat de gewielte Vertrieder ze deelen. D’Resultater vun enger Aarbecht, wou esouwuel vill Leit op der Gemeng, extern Consultanten, de Schäfferot a Bierger a BiergerInnen drun geschafft hunn a wou dofir och bezuelt ginn ass, och wann de Gemengerot trotz schrëftlecher Ufro net informéiert gëtt wéi vill et kascht huet an och wann net vill Leit drun deelgeholl hunn well d’Gemeng ee Minimum un Werbung fir d’Demarche gemaach huet, trotz ganz konkreten Ureegunge vu menger Säit, kréie mol net mer am Gemengerot déi Resultater matgedeelt. Den Härr Liesch well dee Rapport fir sech behalen an anscheinend stéiert dat hei am Schäfferot mee och am ganze Gemengerot keen, well zënter Dezember huet kenn do intervenéiert. Dat seet vill aus iwwert d’Interesse un den Iddien déi vun de Bierger kommen. Dass elo do Parteie fir hire Walprogramm sougenannte participativ Versammlungen organiséieren, fannen ech par rapport zu deem Desintressi net kredibel…. Ech denken och dass et net legal ass a wäert der Fro nogoen op de Schäfferot esou Rapporte kann zeréckbehalen, ech denken dass ech als Gemengerotsmember Urecht hunn déi Informatioun ze kréien a wäert se och weider Froen. Deen demokratesche Minimum gëtt mol net erfëllt, mee wann ee wierklech Biergerpartizipatioun well maachen, an dat misst den Här Liesch vun de Konferenze vum Mouvement Ecologique an der Literatur wëssen, dass een d’Bierger selwer muss informéiere wat geschitt mat deem wat si un Iddien abréngen. Dëst ass hei manifestement net de Fall. Do sinn Iddie vu Bierger a Biergerinnen abruecht ginn an do sinn et bei 2 Iddie Suitte ginn, all déi aner hunn ni méi eppes héieren.
Ech fannen dat immens bedenklech, domadder mëscht een dass et an Zukunft méi schwéier gëtt fir Leit an esou Prozesser ze engagéieren a stäerkt een och d’Politikverdrossenheet amplaz de Géigendeel. Dass dat grad ënner engem grénge Buergermeeschter wou Biergerbedeelegung soss de Gréngen ëmmer wichteg war. Als 15 järege kann ech mech nach un Versammlunge vun de Gréngen hei zu Déifferdeng erënnere wou sech do beklot ginn ass iwwert d’LSAP Féierung, ma ech muss feststellen dass et ënner grénger Féierung villes vun deene gudden Usätz déi deemools diskutéiert gi si bei de Gréngen net ëmgesat ginn.
Aus all deene Grënn fuerderen ech de Schäfferot op esou schnell wéi méiglech all d’Gemengerotsmemberen, d’Parteien an d’Bierger iwwert alles ze informéiere wat am Bezuch op den zukünftege PAG an d’Virstellunge vun de Bierger a Biergerinne bis dato gewosst ass an domadder eng sachlech an informéiert Wahlcampagne ze erméiglechen.
Gary Diderich, 11. Mee 2017