1) Transport Scolaire
Wéi ass et méiglech datt an der Gemeng Suessem eis Schoulkanner, déi mam Bus (TICE oder Sales Lentz) vun der Schoul an d’Schwammen oder soss eng Aktivitéit gefouert gin net ugestréckt gin resp déi méi kleng Kanner net och nach eng Schuel hun wou se drop setzen, esou wéi dat an de privaten Autoen och obligatoresch ass?
Et gëtt eis zwar ëmmer gesot datt et vu Gesetz hier NET obligatoresch wär se am Bus unzeschnallen wann de Bus net géif iwert eng Autobunn fueren, mee hu mär net awer eng Verpflichtung dozou och wann et net obligatoresch wir?
Wat ass wann en Accident mat schwéiere Folge paséiert? Wien as dann Responsabel, de Buschauffeur, den Enseignant, den Accompagnateur, d’Gemengeverantwortlech? Muss virtéischt eppes geschéien ir mär eis Responsabilitéit iwerhuelen?
Huet de Schäfferoot net evt drun geduecht op de Wee ze goen dat Gemeng Busser léint awer d’Chauffeuren selwer astellt fir déi Trajeten ze man? Dat wär eng sënnvoll Arbechtsmoossnam.
2) Bauten
Il y a quelques jours, deux immeubles situés rue de Niederkorn à Sanem, à l’intersection de cette rue avec la route d’Esch, ont été démolis.
Or ces bâtiments ont fait l’objet d’une servitude d’interdiction de lotissement, de construction, de reconstruction et de transformation, prononcée par le conseil communal en date du 3 avril 2017. Cette interdiction avait été motivée par le fait « que le nouveau régime PAG prévoit l’établissement d’un secteur protégé d’intérêt communal de type « environnement construit » afin d’assurer une protection adaptée relative aux spécificités du patrimoine culturel, architectural et paysager présents sur le territoire de la commune. » (décision du 3.4.2017)
Même si les maisons actuellement détruites ne présentaient pas un intérêt architectural particulier, elles constituaient cependant un intérêt culturel et paysager certain en tant que simples maisons ouvrières à l’entrée de la localité, en face de propriétés agricoles. En tant que telles elles servaient certainement, contrairement aux nouvelles bâtisses qui doivent les remplacer, à marquer le visage historique de l’ancienne localité de Sanem. Nous voudrions donc savoir du collège échevinal :
1) à quelle date la publication légale de la décision du 3.4.2017 a eu lieu ?
2) à quelle date l’autorisation de démolition a été accordée par le Bourgmestre ?
3) quel est l’architecte du projet ?
4) cette autorisation du Bourgmestre est-elle légale à supposer qu’elle ait été accordée après la prise d’effet de la décision du conseil communal du 3.4.2017, alors que d’après la loi (art. 20, al. 3) « l’interdiction (…) devient effective trois jours après la publication des prédites décisions par voie d’affiches dans la commune » ?
5) quelle est la légalité de la restriction figurant dans la prédite décision du conseil communal (« le moratoire ne porte évidemment que sur les demandes d’autorisation introduites après le 3 avril 2017 ») une fois que «tous ou partie des immeubles touchés » (art. 20, al. 1) par le PAG en étude aient été clairement identifiés dans la décision – et donc en particulier les maisons touchées ?
6) quelles seraient les conséquences d’une décision éventuellement illégale et d’une démolition en conséquence également illégale ?
3) Contournement
De Minister Bausch huet viru kurzem um radio 100,7 ugekënnegt datt all neien Strossebauprojet enger Kosten-Nutzen-Analyse géif ënnerzu ginn. De Contournement vu Kärjheng mecht absolut kee Sënn ouni de Prolongement iwert Dippech bis an d’Stadt. An eisen Aen as dat en neie Projet an dee géif dann och ënnert déi Kosten Nutzen-Analyse faalen. Wir et net opportun elo direkt ëffentléch bei der Regirung e Moratoire vum Contournement grat esou wéi beim Verwaltungsgeriicht eng rupture vum délibéré op Grond vun dësem neien Element ze froen. Wéi gesäit de Schäfferot dës Propose ? Wär et net nees un der Zäit den Groupe de Travail Contournement dringend ze ruffen an dës Propose och do op den Dësch ze leen ?
4) Nardecchia Galgebierg
Wéi gesäit et aus mat der Situatioun um Galgebierg wou déi Nardecchia-Steng sollen ewechgeholl gin? Wéi wäit si mär do? Em wat fir eng Zäitschinn handelt et sech bis alles oofgedroe gin as vun deenen 2 Siten um Galgebierg? Wéivill Kamione fueren iwerthaapt all Dag do hin an hier an em wat fir Kamionen handelt et sech? Wéi een Traçé as elo schlussendlech zréck behaale gin? Well deen iwer Déifferdeng, wou et schon eng bestehend Route gett, wou kee Bësch hätt missen oofgeholzt gin a wou och keng zousätzlech Versigelung stattfondt hätt, deen as jo net zréck behaalen gin. Wéi gesäit et aus mat der Limitatioun vun de Kamionen, vu que dat se jo um Scheierhaff lanscht eng Schoul fueren a vu que dat am Fréijoer, Summer an Hiescht d’Spillplatz um Galgebierg zimlech vill fréquentéiert as? Wéi eng Mesuren si geholl gin fir déi Stëpser déi elo opgewirbelt gin durch déi Manipulatioun esou wäit wéi méigelech ze vermeiden? Wat kascht eis dee ganze Spaass iwerhaapt resp wien kennt fir d’Onkäschten op?
Myriam Cecchetti, Jos Piscitelli