Wat ass mat der Hotelschoul fir d’Suessemer Schlass?

An der Press gouf bekannt dass de Wirtschaftsministère eng spezialiséiert Hotelsausbildung nom Modell vun der franséischer Eliteschoul Bocuse vu Lyon (Minerval vun 10.000.- € am Joer) am Suessemer Schlass organiséiere well.

Dobäi ware sech d’Parteien am Suessemer Gemengerot eeneg fir den aussergewéinleche Kader vum ale Kannerschlass fir d’Leit aus der Gemeng weider oprecht ze erhalen an soziokulturell an touristesch ze notzen.

Eng Aarbechtsgrupp mat Leit aus der Gemeng gouf extra duerfir an d’Liewe geruff fir Virschléi ze entwéckelen.

Och de Staat ass do mat agebonnen am Sënn vun enger finanzieller Kooperatioun.

Dës Annonce kënnt duerfir wéi e Schlag an d’Gesiicht fir d’Leit. Alt erëm eng Kéier – nodeem Pläng fir e Regierungsgäschtehaus viru Joren endlech fale gelooss goufen – kënnt erëm eng Kéier eng Regierung mat Pläng déi u sech keng ëffentlech Verwendung vun dem Areal méi zouloossen. 

Dofir wollte mär folgend Froe stellen 

– Wousst de Buergermeeschter an d’Kulturschäffin am viraus doriwwer Bescheed resp. ware si doranner mat agebonnen?

– Wat bedeiten déi Pläng konkret an a wat fir enger Form soll déi Schoul sech do usidelen?

– Ass do dann nach Plaz fir dee geplangte soziokulturellen Deel a wa jo, wéi soll do d’Cohabitatioun ausgesinn?

– Bedeiten déi Pläng och den Aus z.B. fir d’Schlassgäert an hir Verwendung an der Economie sociale & solidaire?

Myriam Cecchetti, Jos Piscitelli

E Kuerz-Interview vum Myriam virun der Sitzung op RTL-Telé: http://tele.rtl.lu/emissiounen/de-journal/3120329.html

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe